Nouveau projet d'établissement

Humanisme et Innovation

2018 - 2022

L'Athénée, fondé en 1603, est un lycée classique luxembourgeois qui offre toutes les classes de la 7e à la 1re et toutes les sections de l'enseignement secondaire classique luxembourgeois. L'Athénée et ses élèves sont engagés dans de nombreux projets sur le plan national et international.


L'Athénée est aussi IB World School et offre 7 années d'études internationales menant à l'International Baccalaureate Diploma.

 

Geméisgäertchen am Kolléisch

D'Motiv, dat eis dozou bruecht huet, dëse Projet "Geméisgäertchen" ze realiséieren, kënnt aus enger Diskussioun nom Film "DEMAIN" op der Klass 4C5. Mer wëllen heimat e Zeeche setzen a weisen, datt et och méiglech ass, iessbar - an net nëmmen dekorativ - Planze rondrëm d'Schoul oder an enger Stad unzeplanzen. Dëse Projet ass am Kader vun den Developpementsklassen op 4e entstan.

De 7. Juni 2018 hu mer mat Hëllef vum Escher Geméisgaartveräin, dem CIGL Esch-Uelzecht, der Mme Sassel an dem Här Gindt eben dëse Geméisgäertchen ugesat. Fir d'Organisatioun vum Nätzen huet d'Klass sech a 4 Gruppen agedeelt. De Projet huet 300 Euro kascht, d'Klass 4C5 huet d'Initiativ ergraff an huet alles aus eegener Täsch bezuelt. Dofir wäerte mer eis och eis Recolte gutt schmaache loossen.

An den zwee Kiwwele stinn dës Planzen: Äerdbier - Zalot - Poretten - Basilikum - Tomaten - ThymianAll Planze goufen no enger bestëmmter Organisatioun, déi Ofstand a Reiefolleg beuecht huet, gesat. Planzen, déi ganz héich wuessen, stinn niewent deenen, déi Schied brauchen.

No dësem Schouljoer 2017/18 wäert d'Aufgab vum Ënnerhalt vum Geméisgäertchen un déi nächst Developpementsklass iwwerdroe ginn, well mir d'nächst Joer net méi als Klass bestinn. Fir déi nei Klass an dëst Thema anzeféieren, sti mir natierlech zur Verfügung fir all néideg Erklärungen ze ginn.

Eist Zil ass en Ufank ze maachen, esou datt an den nächste Joeren an dësem Geméisgäertche ka weider geplanzt ginn an datt de Gäertchen op dëser oder enger anerer Plaz rondrëm de Kolléisch kann erweidert ginn. Dat wier dann och nach en Zeechen vun nohalteger Entwécklung.