INNOVATION CAMP


5 Schüler vum Kolléisch hunn um „Innovation Camp“ vun den „Jonk Entrepreneuren“ deelgeholl. De Projet huet de ganzen Dag gedauert, mam Schwéierpunkt op Teambuilding a Kreativitéit.
D’Ziel vum Projet war et, Zukunftsléisungen fir eng Tankstell auszeschaffen an ze presentéieren. D’Schüler sinn a verschidde Gruppen opgedeelt ginn an hunn hier Léisungen enger Jury virgeschloen. D’Grupp vum Julie Bechtel ass Zweete ginn an den éischte Präis krut d‘Grupp vum Annemarie Loewen.
Et hu matgemaach: Felix Estgen, Paul Barnich, Julie Bechtel, Emilie Tesch, Annnemarie Loewen.
19. Abrëll 2016




