|
Takin’ your spirit alive Den 19. Mäerz huet de Michel Weber eis fir emmer verlooss. Du, Michel, hannerléis eis e grousst Lach; an dier hu mer ee vun eise beschte Kollegen verluer. Vu villen bass du och Misch genannt gin, mee – ob Misch oder Michel – wichteg wors du als Mensch: E perfekte Kolleg, deen ëmmer zu engem gehalen huet an een nie hänken gelooss huet. Mat dier hate mir vill Spaass an eisem Liewen, dat’s du op die verschiddenst Manéiren positiv beaflosst hues. Mat dier hu mier vill Momenter an Aktiounen erliewt, déi mier nie vergiessen wärten, well sie eist Liewen mat geprägt hun. Mier hun dech ze laang an ze gudd kannt, fir dass mer dech einfach vergiessen kéinten; an eis wäers du éiweg weiderliewen. Mir wäerten dech an Erennerung halen als gudde Kolleg, op deen een emmer zielen konnt. Dofier geet eist Liewen mat dier weider a mier si frou, dass mier dech kennegeléiert hun a mat dier en Deel vun eisem Liewen verbruecht hun! D'Premièren 2004 |