Klick mech!

Wéi dacks hues du dir scho gesot, "et misst een dach richteg Lëtzebuergesch schreiwe kënnen".

Dëse Cours gëtt dir elo d'Méiglechkeet et um Internet ze léieren. An dat op eng einfach, flott an interaktiv Manéier, datt s du Loscht kriss, mol méi dacks Lëtzebuergesch ze liesen a selwer ze schreiwen.

Du kanns hei mat oder ouni TOUN schaffen.

Pass op! Fir den Toun vum Internet ze lueden, brauchs du vill Zäit oder eng séier Telefonsleitung, wéi z.B. ISDN.

Op all Säit vun dësem Cours fënns du eng NAVIGATIOUNSBAR, déi dir folgend Méiglechkeete gëtt:

zréck goën op déi éischt Säit (Heem),

den Index kucken,

gläich op eenzel Kapitel sprangen,

kucke wou s du grad bas (hei z.B. am zweete Kapitel),

mat dem Web vum Cactus verbannen.
Vill schéi Stonnen mat dësem flotte Schreif- a Lies-Cours wënscht dir

Kuck dir elo mol un, wat hei dran ass. Klick dofir op de Yuppi um Surfbried.