|
i-Butze, Schüler, Stodenten a jiddereen,
dee Spaass un eiser Sprooch huet,
opgepasst!
Mat dësem Site hei geet eng zweet
Ära un,
fir nach besser an eiser Sprooch ze gin.
Elo braucht dir net méi an e Cours ze goen,
mee de Cours kënnt bei iech heem:
hei kënnt dir elo op eng flott, liicht an interaktiv Manéier
léieren, wéi ee richteg Lëtzebuergesch schreift.
Dir gitt déi Haaptregele
vun eiser Schreifweis gewuer,
dir kritt déi Haaptschwieregkeeten
a Fale gewisen,
an op eisen Teststrecke kënnt
dir dono kucken,
wat fir Fortschrëtter dir scho gemaach hutt.
Wann dëse Cours Iech gefällt, da schreift
Iech an eist
gëlle Buch. Merci am viraus.
Äre Yuppi.
|