Salut !
E puer Wuert, ier mir ufänken

Du frees dech vläicht, firwat een eppes richteg schreiwe soll, wann et och falsch geet, datt et jo am Fong egal ass, ob ee Bésch, Böch, Kéih, Wies oder wisavi schreift.

Schéi wier et! Mee, wa jidderee schreift, wéi hie wëllt, versteet keen deen anere méi.

Beim Schwätzen héiers du, ob een en eoder en ë seet, ob hien e kuerzen i, en ie oder e laangen ii mengt, ob en dir vu sénger Kap oder vu sengem Kapp verzielt.

A genee dat kanns du och beim Schreiwen ausdrécken!

Mee, elo ass et och esou, datt eng Sprooch eppes Lieweges ass, datt et alt Ännerunge ginn. Wat gëscht nach richteg war, ass mar scho vläicht falsch. Esou ass dat eben! Fir méi Klorheet an eis Sprooch ze bréngen, goufen eenzel Saachen iwwerschafft, esou datt et dir elo nach méi liicht gemaach gëtt, fir richteg schreiwen ze léieren.
Hei fënns du elo, op eng flott Manéier presentéiert,
alles iwwert eis Schreifweis, natierlech och déi nei Regelen -
esou datt s du deng sëllechen SMSen an e-mailen vläicht
vill méi "lierserlech" maache kanns!

Vil fred an Spas, pardon,
vill Freed a Spaass
mat dësem Cours wënscht dir

Hei geet et weider ...