| |
Jo, dat sin déi vill Buschtawen, déi d'Vokalen, de Klang
vun de Wierder, zesummenhalen, fir
datt en net fortflitt an ni méi ze paken ass - wéi de Gesank
vun enger Klack.
Wéini schreiwe mir elo awer v
oder f, g
oder ch ... ? Am Schwätzen héiers
du dat net ëmmer eraus.
Spëtz dofir elo déng Oueren - an däi Bläistëft
:
elo geet et nees lass!
| v/f |
Grad esou, wéi s du dat vum Däitsche kenns:
vill (viel), fillen (fühlen),
vir (vor), fir (für), véier (vier),
féieren (führen)
|
|
| g/ch |
De g : wéi
am Däitschen: Bagger,
Gänsen, Buggi ...
Och wéi am Däitschen, wann de g
wéi e schwaachen ch ausgeschwat
gëtt:
Kugel,
Lager, Dag, ...
De ch schreiwe mir, wann
de Wupp vun engem Wuert betount gëtt:
Zuch, genuch, ewech, Krich ...
awer:
riseg (well hei den Ufank vum
Wuert betount ass)
|


|
| f/w |
Grad wéi mer et schwätzen:
Léift Kand, Léiwe Jong, Bréif
...
an och:
Léiw (Löwe), Méiw
(Möwe), wéi mir et aus dem Däitsche kennen
|
 |
| p/b |
Och hei hale mir eis un dat däitscht Schrëftbild:
Rëpp (Rippe), Zopp (Suppe)
...
a schreiwen also och: Stëbs
(Staub), Kriibs (Krebs)
|
 |
| ch/sch |
Nullo Problemo, maach et wéi am Däitschen:
Schnéi, Kichen, Kiischten, technesch
|
 |
| z/tz |
Hei riichte mir eis emol méi un déi däitsch
Schreifweis:
Blëtz, Sprëtz, Glëtz, Sëtz
...
awer: mir schreiwen en einfachen z,
wann de Vokal virdru laang as,
also: Saz, Plaz, Kaz!
|
 |
|
j/jh

|
De jh,
déi komesch Kombinatioun, gëtt ofgeschaf, esou datt mir
eis just nach un de j halen, egal
ob en wéi en i oder ganz
breed ausgeschwat gëtt:
Juegd, Jeeër, Joer, Jemp, just, Januar,
jäizen ... |
 |
|