| |
|
Fir datt richteg Wuppes an d'Sprooch kënnt, brauche mir d'Verben.
Si bréngen déi néideg Bewegung an de Saz, datt
aus enger Hellewull
Wierder eppes richteg Lieweges gëtt.
Hei elo eng Rëtsch Ännerungen,
wat d'Schreifweis vun eenzelne Verben ugeet!
|
 |
 |
Dës Verben ginn elo och no der Regel vum
duebele Konsonant no engem kuerze
Vokal geschriwwen:
sinn / hunn / goen / ginn / stoen / doen
|
Mir
schreiwen also:
| sinn |
hunn |
goen |
ginn |
stoen |
doen |
| Ech sinn |
Ech hunn |
Ech ginn |
Ech ginn |
Ech stinn |
Ech dinn |
| Du bass |
Du hues |
Du gees |
Du gëss |
Du stees |
Du dees |
| Hien ass |
Hien huet |
Hie geet |
Hie gëtt |
Hie steet |
Hien deet |
| Mir sinn |
Mir hunn |
Mir ginn |
Mir ginn |
Mir stinn |
Mir dinn |
| Dir sidd |
Dir hutt |
Dir gitt |
Dir gitt |
Dir stitt |
Dir ditt |
| Si sinn |
Si hunn |
Si ginn |
Si ginn |
Si stinn |
Si dinn |
D'Schreiwe vun eenzelne Verben huet ëmmer munch Kappzerbrieches
mat sech bruet. Fir elo fir méi Klorheet ze suergen, hale mir dëst
fest:
 |
beim Konjugéieren
gi mir net méi vum däitschen,
mee vum lëtzebuergeschen Infinitif aus. |
 |
Mir behalen den duebele Konsonant vum
lëtzebuergeschen Infinitif bäi. |
|
Mir
schreiwen also bei:
|
A bei:
|
| falen |
behalen |
fannen |
wëllen |
gëllen |
| Ech falen |
Ech behalen |
Ech fannen |
Ech wëll |
Ech gëllen |
| Du fäls |
Du behäls |
Du fënns |
Du wëlls |
Du gëlls |
| Hie fält |
Hie behält |
Hie fënnt |
Hie wëllt |
Hie gëllt |
| Mir falen |
Mir behalen |
Mir fannen |
Mir wëllen |
Mir gëllen |
| Dir faalt |
Dir behaalt |
Dir fannt |
Dir wëllt |
Dir gëllt |
| Si falen |
Si behalen |
Si fannen |
Si wëllen |
Si gëllen |
Dëst ass vläicht op den éischte Bléck ongewinnt,
mee déi al Formen wéi "du
fälls, hie fällt, du behälts, du fënds ..." sinn
elo iwwerlieft.
|