 |
Séier
nach dat Wichtegst an e puer Zeilen zesummegeraf:
 |
den e gëtt elo ëmmer
ee geschriwwen, wann e laang geschwat
gëtt (egal op een oder e
puer Konsonanten derno kommen):
Freed, Breedewee ...
|
 |
den é gëtt nëmme
bei betounte Silbe geschriwwen:
Stéck, Bréck, Sécherheet
...
|
 |
mir schreiwen d'verben sinn, hunn,
goen, ginn, stoen dinn elo no der Regel vum duebele Konsonant
no engem kuerze Vokal:
ech hunn, mir ginn ...
|
 |
beim Konjugéieren vun de Verben falen,
behalen, fannen ...
gi mir vum lëtzebuergeschen Infinitif aus: du
fäls, hie fënnt ... |
 |
de jh gëtt et elo net méi,
just nach deen einfachen j:
Joer, Juegd, Jeeër, jäizen ...
|

|
 |
den Hittchen (^)
fir den Nasallaut vu franséische Wierder ze schreiwen ass
och passé, also schreiwe mir elo: Timber,
Member ...
|
 |
 |
verlëtzebuergescht Wierder aus dem Franséischen behalen
hiert Zeechen uewendrop:
Réunioun, enquêtéieren ...
|
 |
... a wat soss archifalsch war ass elo richteg:
et ass, et gëtt, ech sinn, du net.
|
|