Projet d'établissement
Le groupe de pilotage
Myriam Keilen – cheffe de projet
Stéphanie Konnen
Aisha Bové
Magalie Sanctuary
Claude Heiser
2026-2027: Wat steet um Programm?
Live
1. PSSM TEEN:
- Deen 1. Tour PSSM TEEN vun den internenPPSM-Instrukteuren op all 4C gouf assuréiert an d’Binôme vun SSE/SePas an Enseignanten ginn och dest Joer esou bäibehal.
- D’Stéphanie Konnen an d’Ylenia Gambuto maachen d’Gestioun dovun.
2. Reamenagement vun der Proffekonferenz:
- No flotte Konzepter vun der 1E, an enger Partie Echange mat der Direktioun am Laf vum Schouljoer 2025-2026, geet de Reamenagement vun der Proffekonferenz am September 2026 lass. Step by step wäerten d’Ännerunge virgeholl gi vun eise kompetente Leit aus dem Service technique.
– Elo schon e groussen extra Merci u si!
3. IESSEN am AL:
- De flotte Poster, deen uweist, wéini d’Schüler*inne wat kënnen iessen, bleiwt och weiderhi siichtbar affichéiert durch d’Gebai.
4. Stressmanagement:
- D’Toolbox mat Outilen fir d’Enseignanten, déi an de Formatioune mam IFEN an dem Sacha Bachim ausgeschafft gouf, wäert dest Schouljoer prett sinn.
- Des Weidere gëtt d’Lëscht vun de „Pé-Bicher“ affichéiert. Des kënnen da bei Interessi ausgeléint ginn.
5. IEGL-Umfrage:
- Den 2. Deel vum Froebou un d’Personal vum AL (Deel 1 war 2022-2023) wäert dest Joer, méi genee am Januar/Februar 2027, stattfannen.
LEARN
1. Déclic 2.0.:
- Den Differenzéierungs-Cours mam Déclic 2.0 bleiwt weiderhin op der 7C bestoen an och d’Epreuves standardisées mam LUCET, déi 2025-2026 éischtmolesch op der 7C stattfonnt hunn, gi vun elo un durchgeféiert.
Dese Rendez-vous ass normalerweis am 1. Trimester.
2. Sproochbildung am Däitschen op der 6C:
- Dest Joer goufen d’Fërderstonnen agefouert, un deenen all d’Schüler*innen wärend engem Semester deelgeholl hunn.
- D’Test-Rei, déi duerch d’Ënnerstëtzung vum LUCET d’Sproochkompetenze vun de 6C Schüler*innen evaluéiert huet, ass durchgefouert ginn. D’Resultater ginn um Schluss vum 2. Trimester 2026-2027 bekannt.
- An Zukunft wäert d’Fërderstonn dauerhaft am Curriculum vun der 6C bestoe bleiwen. An enger 31. Stonn kënnen d’Däitschenseignanten, déi villsäiteg Materialien notzen, déi vum Aarbechtsgrupp zesummegestallt goufen.
3. Lies-Fërderung an Methodologie :
- Liesconcours a Klassebibliothéiken am cycle inférieur: bal 1 Millioun Säite goufe gelies! Bravo un all d’Schüler*innen fir dësen Exploit!
- Duerch den Operatore-Poster, deen an all Klassesall am Nordfligel wäert opgehaang ginn, hunn d’Schüler*innen eng optesch Hëllef beim Léieren um Wee zu méi Autonomie.
Myriam KEILEN, cheffe de projet
Aisha BOVÉ
Stéphanie KONNEN
Magalie SANCTUARY
Claude HEISER
