Yearbook 2021

YB21_Cover_Online

 

AL - Direction - m_Heiser

Préface du Directeur de l'Athénée, Monsieur Claude Heiser

Chères et chers élèves des classes de première,

 

Les sept dernières années qui viennent de s’écouler assez rapidement démontrent une fois de plus que l’expression « tempus fugit » est bien plus qu’un simple adage. En effet, il n’y a pas si longtemps que vous vous êtes présentés, enfants encore intimidés par la grandeur accablante de notre salle des fêtes, ici à l’Athénée, et voilà que vous êtes déjà sur le point de quitter votre alma mater en tant que jeunes adultes. J’espère que, durant les dernières années, vous avez pu bénéficier d’une formation efficace qui vous a permis de développer votre savoir, votre savoir-faire et votre esprit critique, mais j’espère aussi que vous avez pu vivre de beaux instants au sein de notre communauté scolaire et vous lier d’amitié avec d’autres jeunes qui vous accompagneront dans votre vie future.

 

Vous êtes déjà la deuxième génération des lauréats qui ont dû poursuivre leurs études dans des conditions complexes et compliquées, contraints de concilier études, vie estudiantine et restrictions liées à la pandémie. Vous avez su confronter ce défi en ne perdant ni courage ni motivation et en poursuivant vos études avec zèle – un engagement exemplaire dont je vous félicite ! Même si les grands moments traditionnels d’un élève de première restent victimes des mesures sanitaires, il importe que les quelques moments de plaisir tels que la fête de Saint-Valentin aient pu vous procurer un moment de détente et de joie. L’essentiel finalement, c’est que vous ayez été des élèves de l’Athénée et, soyez-en sûrs, vous resterez membres de cette grande famille pour toujours.

 

Dès lors je vous souhaite à toutes et tous beaucoup de succès à l’examen de fin d’études ainsi que dans vos études ultérieures et surtout une vie comblée de bonheur, d’amour et d’amitié.

 

Claude HEISER
Directeur de l’Athénée

SF

Préface de la Présidente du Comité des Classes de Première, Madame Sophie Faltz

Léif Primaner,

 

Ech hat mir virgeholl net (ze vill) iwwer Corona ze schwätzen, mee ech komme schwéier dolaanscht, well eis ganzt Schouljoer an dat wéinegt Liewen, wat iwwreg bleift, staark doduerch beaflosst ginn ass. Am Vergläich zu de Primaner vu leschtem Joer konnte mir eis zwar e bëssen ausdenken, wat op eis géif zoukommen, mee schlussendlech kann ee sech net drop virbereeden. Dëst Joer geet an d’Annalen, an net nëmmen well mir eis Première maachen. Corona hei a Corona do, mee Corona huet virun allem grouss Ännerungen a ville Beräicher bewierkt. Och d’Schoul huet sech missen upassen a wäert dat och warscheinlech weiderhin maache mussen. Am Réck­bléck an objektiv gesinn si mir awer bis elo relativ gutt doduerch komm: d’Schoul ass gréisstendeels opbliwwen, wat eis (an och eiser Première) gehollef huet.

 

Zum Zäitpunkt, wou ech deen Text hei schreiwen, sinn déi meescht warscheinlech schonn am Léierstress. ‚Premieresexamen‘: wärend bal siwe Joer huet een dat Wuert versicht ze verdrängen, mee dee groussen Datum réckt ëmmer méi no. D‘Première ass am Normalfall scho keen einfacht Joer, nach manner wann eng Pandemie eisen Alldag säit méi wéi engem Joer op d’Kopp geheit. Deene meeschten fällt et warscheinlech schwéier, sech am Moment op d’Schoul ze konzentréieren an de Mangel un Ofwiesslung verstäerkt den Drock sécherlech. Weekends rausgoen a Loft rausloossen ass net wierklech méiglech, an dofir läit och dann de Fokus op der Schoul oder der Aktualitéit. Sief et an der Schoul oder Doheem, déi grouss Ongewëssheet ass omniprésent: d’Besuergnis ëm d’Gesondheet, de Risiko vun enger Quarantän oder d’Fro, wéi et no der Première soll weidergoen.

 

Als Presi huet meng Roll dëst Joer bëssi anescht ausgesinn. Et gouf manner ze maachen, wat zum Deel u Corona louch, mee natierlech och un der viller a gudder Aarbecht, déi déi verschidde Comitéen duerch gutt Organisatioun an Teamwork geleescht hunn. Och wann net alles méiglech war, wéi d’Fräibéieren, konnten déi aner traditionell Aktivitéite wéi d’Pulloveren, de Kleeschen, Vältesdag, d’Mottowoch asw. ënnert iergendenger Form stattfannen. Dofir soen ech jidderengem Merci, dee fräiwëlleg am Comité gehollef huet. Merci un déi Proffen, déi eis ënnerstëtzt hunn a Verständnis gewisen hunn. Merci un dat ganzt Kolléisch- a Botzpersonal souwéi un all déi Léit, déi ee groussen Beitrag geleescht hunn fir eis z’erméiglechen, trotz der Situatioun an d’Schoul ze goen.
Ech wënsche jidderengem vill Erfolleg fir d’nächst Joer an, egal wéini dir dat liest, loosst den Kapp net hänken a bleift gesond!

 

Äre Presi
Sophie Faltz

Interviews avec la direction et avec les professeurs de l'Athénée

Interviews avec les élèves des classes de première