National MEP 2022

Am Kontext vun der nationaler Sessioun vum M.E.P. (Model European Parliament), deen am Forum Geesseknäppchen vum 27. bis 29. Abrëll 2022 stattfonnt huet, war de Kolléisch mat 10 Schülerinnen a Schüler vertrueden. Et waren dat den  Alessandro CZARNOCKI LUCHSCHI (Committee President, 2G), d’Lisa JADIN (Committee President, 2C2), d' Elinor DAVIES (Delegate, 2D2), d’ Halina LAIDEBEUR  (Delegate, 3F), d’ Chiara BARENNES (Delegate, 3IEC1), d’ Nicolle BLANCO CADAVID (Delegate, 3IEC1), de  Benedikt GEBHARD (Delegate, 3IEC1), d’ Lily MORAN (Delegate, 3IEC1), d’Mihika SHETTY (Delegate, 3IEC1) an d'Inès TERBLANCHE (Delegate, 3IEC1). Organiséiert gouf dësen Event vum LAML an niewt dem Athénée waren och Schülerdelegatiounen aus der EIDE, der EPF, dem LCD, dem LESC, dem LEM, dem LMRL, dem LTEtt, dem LRSL an der European School 1 (Kirchberg) mat agelueden.