Tschagguns 23

IMG-20230924-WA0011

Och dëst Joer sinn, direkt eng Woch nom Schoulufank, nees 2 Klassen op e Voyage Educatif an de Montafon gefuer. D’Rees goung fir d’Schüler/innen vun der 5CLZH1 an der 5C4 op Tschagguns, wou si zesumme mat hire Proffen am „Schulsportzentrum“ ënnerbruecht waren. Wärend 6 Deeg gouf et bei herrlechem „Kaiserwetter“ e stramm gefëllte Programm.
Um sportleche Programm stoungen haaptsächlech Wanderungen; erop op de Bitschweilsee, eriwwer op de Latschausee, op Gargellen a nach e Lama-Trekking op de Kristberg. Mat der Visite an 2 Musee’en ass och de kulturellen Deel net ze kuerz komm. Ee vun den Highlighte ass Descente vun 2,5km mam Alpine Coaster, wou all Joer nei Streckerekorder opgestallt ginn. Net manner spektakulär ass d’Visite mat Féierung op d’Sprungschanzen zu Tschagguns selwer, wou mer d’Chance haten, e puer Nowuesstalenter bei hirem Training am Schisprangen nozekucken. Och d’Initiatioun an de Biathlon suergt bei de Schüler/innen ëmmer fir Begeeschterung, besonnesch de „Wettkampf“ zum Schluss wou si trotz midde Been nach emol alles ginn.
Nom Owesiessen gouf et och all Dag e klengen Owesprogramm, mat Spiller, Quiz’en an der Talentshow.
Ofgeronnt gouf dës flott Woch mat engem Ausflug op de Bodensee de läschten Dag, wou mer mam Schëff eriwwer op Lindau gefuer sinn, an owes zu Feldkirch op der Schattenburg nach e gudde Maufel z’iesse kruten, ier et dann nees zréck an de Schulsportzentrum goung, wou dann d’Valiss gepaakt gouf fir d’Heemrees de nächsten Dag.

D’Klasse goufe begleet vum Georges Bast, Romain Diederich, Marc Frank, Fernand Hilbert, Elisabeth Linster, Tom Schmitgen, Diane Thill a Christiane Wanderscheidt.

 

Voir quelques photos...